Booking

Wanns Du Benny and the Bugs wëlls engagéieren solls Du Dech un ALL folgend Punkte halen:

 

Als Alleréischt:
Mir spillen net allzeoft, fir dass mir, wa mir spillen, och richteg Gas kënne gin. Wanns Du eis  wëll engagéieren, stell Dir am Viraus d’Fro, wat Deng Gelegenheet sou speziell fir eis mëcht. Mir spillen net gär als Hannergrondkulisse vun Dëppefester oder Awéiungen. Et soll schon haaptsächlëch em d’Musik goen.

Als Allerzweetst:
Da lueds Du dir eis Fiche Technique erof, a kucks, obs Du all eis Wënsch kanns erfëllen. Demanden iwwert Facebook oder Telefon gi bei eis verluer an och NET berücksichtegt. Schreiw w.e.g. eng Mail. (Außer du bass de Superjhemp, den Duc’sen Hary oder de Funny van Dannen.) Just dann kënne mir garantéieren, dass mir deng Demande a Betruecht zéien!! Réischt, wanns Du sëcher bass, dass Du alles organiséiere kanns, wat an der Fiche Technique steet, lount et sech eis eng lëschteg Demande ze schécken, déi eis och Loscht mëcht, ze spillen. (kontakt@bennyandthebugs.lu) E Gedicht ka Wonner wiirken…

Als Allerlescht:
Wanns du eng offiziell Zouso vun eis kritt hues (jo, et ass normal, dass dat sou laang dauert…) schécke mir Dir Fotoen a gudder Opléisung, wanns Du dat brauchs. Eise Logo gëtt et hei!  Hei fënns du och nach Informatiounen iwwert eis. An lo schnell a vill Reklamm op dengen Internetsäite man, dass och genuch Leit um Concert sin!