09.01.2017 in Concerts

Listen To Haiti

Hallo Frënn vun de Bugsen,

den 11. Febuar spillen mir um Listen to Haiti Festival, den Entree ass fräi, jiddereen kann en Don an dat grousst Dëppe geheien. Den Erleis ass fir d’Affer vum Hurricane Matthew, deen Haiti alt erem op eng hard Prouw stellt.

Méi Infos op www.listentohaiti.lu

hoffentlech komm dir zu ganz vill!!

bis geschwënn,

är Bugsen

01.09.2016 in Concerts

Kulturlaaf zu Esch: mir sin do!

14045814_1403539386356820_7323722390636005471_n

26.05.2016 in News

Lo komme mer op de Strauss…

Sonndeg ass et rem sou wäit: mir spillen deen éischte Concert. Zu Conter op der Straussefarm. Um 15Auer. Komm dohin, si si schon do!

strauss

20.01.2016 in News

Di Blo ass rem do!

Gudden Owend,

no langen Iwwerleeungen hu mir eis entscheed di Blo als limitéiert Oplag nach emol drëcken ze loossen. Dëst am Kader vun eisem 10jährege Jubiläum. Et sin genau di selwecht Lidder drop, wéi op der éischter Oplo. Wien eent vun deene raren Exemplare wëllt an den Hänn halen, soll eis einfach e Mail man (hei klicken), mat senger Adress. De Benny schéckt dann d’CD mat eiser Kontos-Nummer.

schéine Bonjour,

är Bugsen

Di Blo ass rem do

25.12.2015 in News

Merci!

Hallo,

eigentlech war den Deal 4 Optretter mat engem lëschtege Projet. Dunn huet et emol geknuppt, 10 Joer sin em, a mir spillen emmer nach zesummen. Génial! Mir soen jidderengem, dee mat eis gefeiert huet en decke fette Merci! Firun Allem och deenen, déi dozou bäigedroen hun, dass deen Owend onvergiesslëch ass!
Dem Tom an der ganzer Ekipp vum Neihaischen, dem Tom hannert dem Mëschpult.
Merci och dem Lol fir d’Foten. An Ierch alleguer, well dir do wart, fir eis z’ennerstëtzen.
Mir wënschen ierch an eis nëmmen dat Bescht. A passt op d’Fangerfangstellen op!

är Bugsen

hei geet et bei d’Fotoen