09.12.2014 in News

A vive op Ranschelt

Ranschelt… Ee ganz klengt Duerf, nëmmen EEN Awunner, an awer net am Hondséisléck mee bal dem Honn hannen. 8 Musikanten, 1 Zelt, vill Glühwäin, vill Leit, 1 Navette (kloer, ass jo just 1 Strooss do, an déi ass schmuel ;-) Mee virun allem, e Mega Owend, no deems du gäre scho virun de Kadoen ënnert dem Beemche läis… an den Dag drop dem Jéiss an d’Ae kucks an e frees… “Waars du och hënnt zu Ranscheld, dass du an der Scheier penns…?” A wann en der dann äntwert: “Jo du Knallkapp, ech hun dech Heem gefouert!”
Da waars de dobäi!!!!

chreschtgig